INFO
Kehlen
Olm
Wantergaart Elmen
Administration
Team
Ben Jacobi
Direktor
Ech leede lo d`Juki A.s.b.l. Zënter mei wi 7 Joer. Nach ëmmer schafen ech hei mat ganz vill Passioun, well ech Iwerrzeescht sinn dass Fräiwëllegt Leieren (Non-Formal Bildung), Di wichtegst Schoul am liewen ass. Privat maachen ech gär Musek, schafe gär am Gaart. An si gléckleche Papp vun zwee Kanner.
Luc Bettel
Beauftragter für die Leitung
Ech schaffen zënter iwwer zéng Joer mat vill Freed a Motivatioun am educative Beräich a schätzen d’Ofwiesslung an d’Méiglechkeete vun dësem Beruff. An menger Fräizäit genéissen ech d’Zäit mat Famille, Kand, Frënn a Muppen. Ech kachen an iesse gär, lauschteren a maache gär Musek a si sportlech aktiv.
Elena Trost-Le Doeuff
Projektleiter/in
Ech sinn d’Elena – eng Aventurenjägerin mat enger kreativer Séil, déi ëmmer op Trapp ass! Ech sinn hei, fir de Juki mat Marketing- a Kommunikatiounsprojeten ze pimpen, well sozial Projete leie mir um Häerz.
Tiffany Bebon-Lantz
Projektleiter/in
34 Joer al, Projektmanager bei Juki (an alldeeglechen Akrobat). Wann ech net bei Juki mat Zaïtplang a Projeten jongléieren, beherrschen ech aner exigent Disziplinnen : e Buch Liesen mat engem Kand um Schuss, Iesse kachen dat grad sou gutt wéi bei “Master Chef” ass (oder bal) a mat jonken Artisten Konschtwierker bastelen. Mäin Zil : Erausfuerderungen an Erfolleger ze transforméieren.
Fabienne Meyer
Buchhalterin / Sekretärin
Hallo, main Numm ass Fabienne an ech schaffe säit 15 Joer als Comptabel. Säit September 2024 sinn ech Deel vum JUKI. Ech si Mamm vun 2 klenge Meedercher a meng Fräizäit besteet aus Hörbicher, Plastiline, Molen an Spillplaatzen.
Patrick Winner
Graduierter Erzieher
Moien! Ech sinn de Patrick, 37 Joer al, an Educateur am JUKI. Zanter 2020 liewen ech mat menger Fra, menge Kanner an eisen zwou Kazen zu Lëtzebuerg. Viru mengem Start beim JUKI hunn ech an enger Maison Relais geschafft a parallel dozou Soziale Aarbecht studéiert. Ech schwätze Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a schätzen den oppenen Austausch mat Mënschen.
A menger Fräizäit sinn ech gären ënnerwee: Ob Kachen, Wanderen, Fitness, Ski fueren, Biken oder Fussball, ech beweege mech gären a genéissen d’Natur. Als grousse Frënd vun Déieren dierfen och meng zwou Kazen natierlech net feelen.
Ech freeë mech, Deel vum JUKI ze sinn an zesumme mat Iech flott Projeten op d’Been ze stellen!
Natalie Pickar
Mitarbeiterin
Moien, ech sinn d’Natalie a schaffen zanter August 2025 am Wantergaart zu Elmen. Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch a si besonnesch interesséiert u Konscht a Kultur.
A menger Fräizäit reesen ech gär, kachen a verbréngen Zäit matt menge Léifsten. Ech maache Sozialaarbecht matt Engagement a freeë mech op vill flott Evenementer an Aktivitéiten am Wantergaart.
Gilles Blaise
Mitarbeiter
Ech schaffen zënter Kuerzem am Wantergaart zu Elmen a si frou, en Deel vun dësem motivéierten Team ze sinn. Un dëser Aarbecht schätzen ech besonnesch d’Ofwiesslung an d’Kreativitéit.
A menger Fräizäit maachen ech vill Sport a gi menger grousser Passioun, dem Skateboarden, no. Donieft maachen ech och ganz gär Musek.
Als Papp vu véier Kanner ass bei mir allgemeng ëmmer eppes lass.
Dylan Pereira
Graduierter Erzieher
Ech sinn den Dylan, Educateur diplômé a schaffen am JUKI zu Olm. A menger Fräizäit maachen ech gäre Sport, bastelen a molen oder schaffen un Autoen.
Ech verbrénge gäre Zäit mat der Famill oder menge Kolleegen, maache gären Aktivitéiten ewéi Bowling oder Billard spillen a reese gehéiert och zu menge Leidenschaften.
Mitglieder der Asbl
Marc Bissen
Präsident
Tom Hochstras
Schatzmeister
Davina Schol
Sekretärin
Felix Eischen
Claudine Meyer-Deitz
Max Molitor
Yves Gaffinet
Sandie Lahure
Die JUKI asbl (Jugend, Upgrade, Kafe, Info) ist ein dynamischer und engagierter Verein, der sich der Förderung von Jugend- und Digital Projekten verschrieben hat. Seit seiner Gründung bietet die JUKI asbl eine breite Palette an Freizeitaktivitäten, Workshops, kulturellen Events und sozialen Projekten für alle Altersgruppen, mit besonderem Fokus auf die Jugend an.
Unser Ziel ist es, einen Ort zu schaffen, an dem sich junge Menschen kreativ entfalten, neue Fähigkeiten entdecken und soziale Kontakte knüpfen können. Die JUKI asbl arbeitet eng mit der Gemeinde und diversen lokalen Partnern zusammen, um innovative Projekte zu entwickeln, die das kulturelle Leben in der Gemeinde Kehlen und Umgebung bereichern.
Von Musik- und Kunstworkshops, über die Entwicklung von digitalen Begegnungsmöglichkeiten bis hin zu Filmabenden und Gemeindefesten – die JUKI asbl steht für Gemeinschaft, Kreativität und Engagement.
Egal ob du auf der Suche nach neuen Freizeitmöglichkeiten bist oder dich ehrenamtlich engagieren möchtest – bei der JUKI asbl bist du herzlich willkommen!
Marc Bissen
Präsident der JUKI asbl
Partner
Nützliche Dokumente
Medien
Stellenanzeigen
© 2026 Juki