Jugenhaus zu Olm

Den Juki zu Olm ass säit dem 15.ten September rem op. Et handelt sech em een aalt Jugendhaus wat renovéiert gouf. Mir schaffen mam Juki vun Kielen zesummen an organiséieren och reegelméisseg Aktivtéiten zesummen.

 

Ëffnungszäiten: 

Méindes: 15h00 - 20h00

Dënschdes: 15h00 - 20h00

Mëttwochs: 15h00 - 20h00

Donneschdes: 15h00 - 20h00

Freides: 15h00 - 21h00

Samschdes: Zou

 

Wöchentlech Aktivtéiten:

All Freideg kachen mir eppes zesummen. Du muss dech just virdrun umellen an dann kucken mir zesummen wat mir kachen.

Duerch den Covid-19 an déi aktuell Situatioun fënnt des Aktivtéit leider net statt. Falls sech eppes ännert soen mir Iech natierlech Bescheed.

 

Am Juki zu Olm hues du vill Méiglechkeeten fir deng Fräizäit ze gestalten. Mir hunn zwee Studioen, an dem engen Studio kann een mat Hëllef vun engem Green Screen Filme dréien. An deem aneren Studio oder och nach Multimedia-Sall genannt, kanns du mat Hëllef vun engem opnahmegerät Sachen oder Sings ophuelen, du kanns mat Hëllef vun engem Aplle Computer deng Filmer schneiden an upgraden, en DJ-Set ass och do an nach villes méi. Mir hunn natierlech och een Youth Space mat engem Bistro an enger Chill-Out Area.

Komm bis laanscht an iwwerzeeg dech selwer.

See you soon!

 

 

 
Adresse:
9, rue de l'Indépendance
L-8237 Olm